Orchester Blue Stars

Danzmusek fir Äer Fester!

Fir eis ass et eng Freed de Public matt flotter Danzmusek ze ënnerhalen. Vu Fuesbal iwwer Grillfest bis Chrëschtmaart ass alles derbäi.
Mir sange fir iech lëtzebuergesch, däitsch, franséisch, italienesch. Als Instrumenter spille mer Keyboard (Yamaha GENOS) an Akkordeon (Roland).
Egal ob dezent Hannergrondmusek fir är Soirée ze encadréieren oder Musek fir ze danzen a mattzesangen: mir wëllen iech dat bidden wat dir braucht. Dofir ass et fir eis wichteg vun Ufank aus un ofzeklären wat är Wënsch an Iddie sin.
Mir freeën eis op vill flott Momenter a Stonne matt iech a wënschen iech bis dohin all Gutts!
Edith & Nathalie
Orchester Blue Stars