Schwéier Fäll vu Kriminalitéit Prisongsstrof Prinzip, Sursis d’Ausnam
Автор: CSV - Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei
Загружено: 2025-11-20
Просмотров: 6
En extrem wichtegt Gesetz am Beräich vun der Justiz hunn d’Deputéiert en Donneschdeg ugeholl.
De wichtegste Punkt ass mat Sécherheet deen, dass bei schwéiere Fäll vu Kriminalitéit an Zukunft d’Prisongsstrof d’Reegel, an de Sursis just d’Ausnam ass. Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar huet zum Beispill Fäll vu sexueller Gewalt géint Fraen a Kanner genannt, wou de Riichter an Zukunft motivéiere muss, firwat hien e Sursis akkordéiert.
Nieft dëser wichteger Ännerung ginn et awer och Changementer bei der Bekämpfung vun der Geldwäsch an déi sougenannte “Mini-Instruktioune” gi méi wäit opgemaach. D’Prozedure gi verkierzt an den Uwendungsberäich méi grouss.
D’Justizministerin Elisabeth Margue huet d’Wichtegkeet vun dësem Gesetz ënnerstrach an drop higewisen, dass souwuel bei der Magistratur, wéi och bei der Police weider rekrutéiert gëtt.
Доступные форматы для скачивания:
Скачать видео mp4
-
Информация по загрузке: