Night Train 2023
Автор: Gemeng Péiteng - Commune de Pétange
Загружено: 2023-07-24
Просмотров: 34
Mam historeschen Zuch goung et zu Péiteng fir all d’Gäscht, déi sech fir den Night Train am Fond-de-Gras ugemelt haten, lass. De Roude Schapp war fir dësen Event op Vordermann bruecht ginn, an et huet schonn ugefaangen, gutt ze richen ewéi déi éischt Leit um Wee ware fir e flotten Owend hei ze verbréngen. Mat Wäin a Crémant, Béier, Kéis, Traiteurshäppercher, frëschem Jus,Schockela esouwéi Cocktailen a Rhum, war fir jiddereen eppes dobäi.
A fir d’Amateure vun den Zigare gouf am „wagon fumoir“ eng interessant Selektioun ugebueden.
Ma wat fir esou e Fest ouni e flotte musikalesche Kader? Dofir waren d’Comboen aus der Péitenger Musiksschoul ënner der Leedung vum Jerr Herr a Sven Sauber zoustänneg an hu mat hire live Performancen iwwerzeegt. E flotten Owend – à refaire!
Доступные форматы для скачивания:
Скачать видео mp4
-
Информация по загрузке: