Wéi gi mer géint d’asiatesch Runne vir ?
Автор: CSV - Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei
Загружено: 2025-12-02
Просмотров: 22
Déi asiatesch Runn mécht sech och bei eis ëmmer méi breet an ass eng akut Bedroung fir eis Beien a fir déi lokal Ökosystemer, déi riskéieren aus dem Gläichgewiicht ze kommen. Nodeems d’Gemengen sech Gedanke maachen, wéi si kënne géint déi Näschter virgoen, huet den CSV-Deputéierte Michel Wolter d’Fro gestallt, ob net eng national Léisung fir de Problem misst fonnt ginn, mat engem nationalen Aktiounsplang. Wéi eng Rolle kënnen d’Gemengen an de CGDIS iwwerhuelen an dann och d’Fro wien dat ganzt finanzéiert.
Den Ëmweltminister Serge Wilmes huet betount, dass et schonn en nationalen Aktiounsplang gëtt. Deen ass aus dem Joer 2020 a soll elo iwwerschafft ginn. Eng éischt Reunioun vun engem Koordinatiounsgrupp ass dann och scho fir de 15. Dezember geplangt, wou nieft de Verwaltunge vun Ëmwelt a Landwirtschaft, ënnert anerem och Vertrieder vum Syvicol an dem CGDIS derbäi sinn.
Доступные форматы для скачивания:
Скачать видео mp4
-
Информация по загрузке: