Rapport Ombudsman 2024
Автор: CSV - Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei
Загружено: 2025-12-04
Просмотров: 8
Den Ombudsman ass eng wichteg Institutioun, déi konkret Verbesserunge fir d’Leit erreecht, an d’Chamber huet sech mam Rapport vun zejoert vum Ombudsman beschäftegt.
1455 Reklamatioune goufen et 2024.
Déi nei Ombudsman, Claudine Konsbruck, wëll d’Institutioun erëm méi staark un d’Vermënschlechung vum administrative Kontakt ausriichten. Dat heescht all Bierger soll wësse, wee säin Dossier behandelt an an enger verstänneger Frist eng motivéiert Äntwert kréien. Systematesch Informatioun iwwer net-kontentiéis Recoursméiglechkeeten an eng méi kloer Reegelung iwwer aktualiséiert Circulairen a Leitlinne, si weider Verbesserungen déi d’Ombudsman wëlles huet an déi d’CSV ënnerstëtzt, esou d’Deputéiert Nathalie Morgenthaler.
Och d’Regierung hëlt sech dëse Rapport zu Häerz, betount d’Ministerin Elisabeth Margue.
Доступные форматы для скачивания:
Скачать видео mp4
-
Информация по загрузке: