EwB | Logement zu Lëtzebuerg – What else?
Загружено: 2025-12-05
Просмотров: 23
Dass d’Logementssituatioun zu Lëtzebuerg net déi beschten ass, ass keng erstaunlech Neiegkeet. Dass Wunnalternativen awer just schwéier Fouss ze faasse schéngen, ass dogéint awer scho befriemlech. An dësem Moment misst et nämlech grad sou sinn, dass aner Wunnformen ënnert d’Äerm gegraff kréien, fir sou zu enger Entspanung um Wunnmarché ze féieren a fir Alternativen zur « normaler » Eenzelwunneng oder dem Eegenheem méi bekannt ze maachen.
Gemeinschaftlecht oder alternatiivt Wunnen huet nämlech eng sëllege Virdeeler an ass eng produktiv a proaktiv Äntwert op dës Zäit, wou Raum a Ressourcë knapps ginn. Op der Table Ronde « Logement zu Lëtzebuerg – what else? » wäerte mer dësen Ëmstand beliichten an diskutéieren.
Impuls vum Antoine Paccoud (LISER)
Um Podium (vlnr):
Marthy Anne Becker (Beienhaus asbl)
Gary Diderich (LIFE asbl | de WG Projet)
Céline Zimmer (Architektin a Fuerscherin)
Moderatioun: Nora Schleich (EwB)
Kapitelen:
00:00 Intro Nora Schleich
03:33 Impuls vum Antoine Paccoud
06:07 Réflexion sur ce qui est normal ou pathologique dans le domaine du logement au Luxembourg
22:31 Céline Zimmer (Architektin a Fuerscherin)
24:20 Gary Diderich (LIFE asbl | de WG Projet)
27:46 Marthy Anne Becker (Beienhaus asbl)
31:13 Wat si Kooperativen?
34:39 Wat sinn d'Konzepter WG & Kooperativen?
37:00 D'Gestioun vum gemeinschaftleche Wunnen
40:38 Gemeinschaftlecht Wunnen am Alter
44:05 Wunnformen a Wunnmodeller
45:31 Ass eng Bereetschaft vun der ëffentlecher Hand ze erkennen, d'Situatioun am Logement ze entschäerfen?
47:08 Hürde fir gemeinschaftlecht Wunnen
50:56 Schlofhändler
52:00 Zesummenaarbecht tëschent Beienhaus asbl an de Gemengen
54:50 Publikum1: Spannung tëschent Benevolat an administrativen Hürden
57:05 Publikum2: Ass eng Kooperativ e finanzielle Plus?
01:00:47 Kooperativen als Outil zur Selbsthëllef & Laangzäitimpakt op de Wunnengsmaart
01:02:51 Wat ass iwwerhaapt abordabele Wunnraum?
01:07:49 Virstellung vum Wunnen an enger Gemeinschaft
01:09:44 Publikum3: Iwwerzeegungsaarbecht & Aussiicht op Ännerungen
01:13:41 Publikum4: Kann een net einfach als Kooperativ vill Wunnenge kafen an doduerch méi abordabele Wunnraum schafen?
01:20:59 Publikum4: Wat passéiert mat de Loyersgelder, nodeems d'Immobilie ofbezuelt ass?
01:25:47 Publikum5: Stécht hannert der aktueller Situatioun e politesche Calcul?
Доступные форматы для скачивания:
Скачать видео mp4
-
Информация по загрузке: