Effikass Iwwerwaachung : Ouni Kompromëss bei Grondrechter
Автор: CSV - Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei
Загружено: 2025-12-04
Просмотров: 7
D’Justiz kritt méi performant Instrumenter fir geziilt a méi efficace géint schwéier Kriminalitéit virzegoen. Verschidden Iwwerwaachungsmoossnamen, déi bis elo just am Beräich vun der Staatssécherhet, an am Kampf géint den Terrorismus méiglech waren, kënnen elo bei alle Verbriechen a bei schwéieren Delikter ugefrot ginn. D’Kriminalitéit huet sech ëmmer weider entwéckelt, an d’Justiz muss dofir hir Instrumenter och upassen, esou den CSV-Deputéierte Charel Weiler. De Projet ass kee Blankoscheck fir Iwwerwaachung, an d’Froe vun de Grondrechter an dem Dateschutz gi ganz Eescht geholl. D’Grondrechter gëllen awer fir jiddereen - och fir d’Affer, ënnersträicht de Rapporter vum Gesetz, Charel Weiler.
Fir d’Justizministerin Elisabeth Margue huet ee mat dësem Gesetz déi richteg Balance tëscht Fräiheet a Sécherheet fonnt. Et wier ee wichtegt Element am Kampf géint déi organiséiert Kriminalitéit. Ouni dës Mëttele wier et dacks quasi onméiglech Preuven ze fannen.
Доступные форматы для скачивания:
Скачать видео mp4
-
Информация по загрузке: