Hëllefe fir d’Energietransitioun
Автор: CSV - Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei
Загружено: 2025-11-20
Просмотров: 0
D’Chamber huet d’Staatshëllefe fir d’Betriber fir Klima- an Ëmweltschutz konsequent an nohalteg ausgebaut. Nieft der Dekarboniséierung, ënnerstëtzt den neien Text och d’Energietransitioun.
“Mat dësem Gesetzprojet zéie mer e klore Schlussstréch ënnert d’Ënnerstëtzung fir déi fossil Energien”, esou d’CSV-Deputéiert Stéphanie Weydert. Dëst ënnermauert den Engagement vun der Regierung fir eng real Energietransitioun.
Den neie Regime gëllt awer net just fir déi grouss Betriber aus der Industrie, mä och fir de Mëttelstand. Och dës Betriber kënne mat vereinfachte Prozeduren un déi Hëllefe kommen.
“Dëst ass e Schrëtt an déi richteg Richtung. E Schrëtt, deen d’Industrie, d’Betriber, d’Klima, an d’Zukunft vun eisem Land, zesumme bréngt”, esou d’CSV-Spriecherin ofschléissend.
Доступные форматы для скачивания:
Скачать видео mp4
-
Информация по загрузке: